1993
Citations lors du débat en Chambre sur le projet de loi
M. Léon Bollendorff (CSV) :
« Et gët awer och vill Wëllholz, wann ech mech däärf esou ausdrécken, un deem pedagogesche Bam. Et si munch Waasserschëtz do, an et gët och « Freelive » -Gedeessems. Wat an deem ganze Beräich vun der Recherche feelt, as een bessert Zesummespill, eng schaarf Selektioun vun deem wat néideg as, a manner néideg as. »
« Et gët geklot, d’Schoul géing forméiere laanscht d’Besoinë vun der Wierklechkeet a vun der Wirtschaft. Dofir gët hei versicht déi zwee Facteuren, d’Schoul an d’Wirtschaft méi no beienaner ze bréngen, se zesummen op déi richteg Linn ze setzen. De SCRIPT sicht do eng Parti Objektiver ze realiséieren. Dofir kann ee roueg soen, w wir eng Pièce maîtresse vun der heiteger Erzéiungspolitik. »
Anne Brasseur (DP) :
« Wann d’Missioun vum SCRIPT soll sin, fir d’Reforme vum Enseignement ze koordonnéieren dann hätt am Fong d’Kreatioun vum SCRIPT misse geschéien ier iwwerhaapt Reformen duerchgezu gi wiren. »
Marc Zanussi (LSAP) :
« De SCRIPT soll en Instrument gi vun der Koordinatioun, vun der pädagogesch-wëssenschaftlecher Aarbecht a vun der Direktioun, deen also eng Emprise op eise ganze Schoulsystem kann respektiv soll kréien. »
André Hoffmann (KPL) :
« Ech wëll warnen, wéi dat effektiv a verschiddenen Aviën zum Ausdrock komm as, och wann ech doraus nët eng negativ Konklusioun schléisse fir dat Ganzt, virun enger technokratesch bürokratescher Approche vun denen Aufgaben, déi hei gemengt sin, an dofir mengen ech och, dass unbedingt d’Enseignantën, déi um Terrain schaffen, mussen an déi Aarbecht hei matbezu gin, an datt et nët esou däärf sin, wéi et an der Vergaangenheet tatsächlech heiansdo war, dass se vun uewenerof beriselt gi mat Forschungsprojetën zu dene se keen Zougank haten oder mat Forschungsergebnisser, déi se mussen an d’Praxis ëmsetzen, ouni dass se un der Ausaarbechtung vun dene Projetë bedelegt waren.»
Robert Garcia (GAP) :
« Eng weider Remarque betrëfft d’Roll vum SCRIPT um Terrain vun de Schoule selwer. Ech hat virdru gesot, dass ech do Reminiszenzen hätt un de SIRP. Deen as an d’Schoul komm e bëssche wéi en Uf0, wou Marsmännercher erauskomm sin, déi engem da gesot hun, wéi ee Schoul hält, an da ware se erëm fir déi nächst 6 Méint fort. »
Fernand Rau (ADR) :
« Ech explizéiere mech ! De SCRIPT heescht nach just « Service central de recherche de postes intéressants pour pédagogues, technocrates, protégés par le Parti clérical-social. »1Citations lors du débat en Chambre sur le projet de loi 3494, dans : Chambre des députés, Session ordinaire 1992-1993, séance du 8 juillet 1993 (78e séance).